Geste-barrièren

Et ass wichteg fir verschidde Virkéierungen ze treffen, zousätzlech zum Droe vun enger Mask, fir datt de Virus sech net an der Populatioun a besonnesch bei ufällegen a vulnerabel Persoune verbreede kann.

Dat Allerwichtegst ass, dass Dir Iech reegelméisseg a richteg d'Hänn wäscht.

Houscht oder néitscht an den Ielebou oder e Nuesschnappech aus Pabeier, dat Dir dono an eng Dreckskëscht mat Deckel gehäit.

Verzicht drop anere Leit d'Hand ze ginn oder se ze këssen.

Evitéiert den noe Kontakt zu kranke Leit an haalt een Ofstand vun op d'mannst 2 Meter.

Vermeit et esouvill wéi méiglech fir Äert Gesiicht mat Ären Hänn ze beréieren.

Aktualiséiert